Iwwer romVIN

Wien si mir?

Hannert romVIN stinn de Romain, den Alain an de Kevin. De Romain ass säit méi wéi 40 Joer am Wäin ënnerwee, deels beruflech, ëmmer aus Passioun, an huet an där Zäit e grousse Reseau vu Wënzer a Kenner opgebaut. Mir besichen eis Wënzer reegelméisseg op der Plaz a ginn all Joer op déi wichtegst Wäinfoiren an Europa.

Wat bidde mir un?

Eng perséinlech Auswiel vu franséischen, italieneschen an däitsche Wäiner: renomméiert Wënzer, déi international unerkannt sinn, an och manner bekannte Produzenten mat vill Talent a faire Präisser. Fir d'Enn vum Joer kommen nach gereecherte Saumon aus Irland a Schampes dobäi.

Wéi leeft eng Bestellung?

Zweemol am Joer (Fréijoer an Hierscht) sammele mir d'Bestellungen a bestellen direkt beim Wënzer. Dofir hu mir kee Buttek a bal kee Stock. Soubal d'Wäiner ukommen, kënnt Dir se zu Rammeldang ofhuelen; grouss Bestellunge liwwere mir och.

Froen? Rufft eis un oder schreift eis. romain@romvin.lu · +352 621 17 31 74