Bestellen
Hierschtbestellung 2026
Bestellunge bis de 25. November 2026 – d'Wäiner sinn virun Chrëschtdag do
Nei dëst Joer: e puer méi erschwénglech Wäiner, z. B. d'Classic-Linn vu St. Michael-Eppan oder d'Corendies vum Domaine Billon. A wéi all Joer: gereecherte Saumon aus Irland a Schampes fir d'Feierdeeg.
- 1
Luet d'Präislëscht erof (Excel oder PDF) a schreift d'Quantitéiten an, déi Dir wëllt.
- 2
Schéckt eis se per E-Mail virun der Deadline – eng einfach Äntwert op eis E-Mail geet och.
- 3
Mir soen Iech Bescheed, soubal d'Wäiner do sinn: ofhuelen zu Rammeldang, grouss Bestellunge liwwere mir.
D'Wäiner ginn am Prinzip pro Kartong vu 6 Fläsche bestallt; déi aussergewéinlech Wäiner och pro Fläsch. Verschidde Wäiner gëtt et nëmmen a limitéierter Quantitéit: d'Bestellunge ginn esou zougedeelt, wéi se der Rei no erakommen. All Präisser verstinn sech mat TVA.
Froen? Rufft eis un oder schreift eis. romain@romvin.lu · +352 621 17 31 74
